Iwwert mech

Foto vun mir

Moien, ech sinn d’Elly de Dood.

Gebuer 1989, an enger Bauerefamill war ech schonn ëmmer faszinéiert vun Deieren.

Scho ganz frei souz ech fir d’éischt op Päerd. Déi éischt richteg Reitstonn hat ech am Alter vu 6 Joer. Dunn hat de Päerds-Virus mech erwescht. Duerno hat ech regelméisseg Reitënnerriicht, bis ech déi ganz Saach hu misse pauséiere loossen, wei meng Famill geplënnert ass, an ech fir d’éischt op d‘Première, an duerno op d’Uni koum sinn. An Tëschenzäit sichen ech all Méiglechkeet fir meng 4 Buschtawen op ee Päerd ze schwéngen.

Net nëmme Päerd faszinéiere mech, mee och aner Deieren. Sou hat meng Famill laang Joeren een Hond, dee mir hunn missten aschléifere loossen. Ausserdeem gëtt et bei eis am Stot nach een Aquarium an ee Kueder, dee sech als eenzege Kinnek am Haus ganz wuel fillt.

Wat meng Aarbecht ugeet, hunn ech op der Rheinische Hufbeschlagschule eng Ausbildung zur Hufpflegerin RHS gemeet.
Am Oktober 2015 hunn ech un enger Formatioun zum Thema Houfschung deelgeholl.

Ech hun ausserdem een Cours iwwer d'Fidderung vun Paerd matgemeet an erfolegreich oofgeschloss.
Momentan sinn ech zu Bonn op der Uni an maachen den Master an den Deierewëssenschaften.
Fir meng Zukunft hoffen ech , nach villes dierfen kennenzeleieren, an och nach deen een oder aaneren interressanteen Cours kënnen ze maachen.