Meng Aarbecht

Hei wëll ech e bëssen erklären, wie ech schaffen an wei meng Ausbildung ausgesin huet.

Aarbecht
Ech hunn e puer Konditiounen fir meng Aarbecht kënnen gudd ze maachen:
1. Ech schaffen nëmmen wann eng Persoun dei d’Päerd kennt dobäi ass
2. Ech lossen mir d’Päerd emmer virun an no der Bearbechtung virfeieren, nëmmen esou kann een erkennen, wie d’Päerd geet, oder ob et suguer schlamm ass, heifir muss eng relatif richt Streck vun ca. 15m zu Verfügung stoen ( Strooss, Stallgaass…)
3. Ech schaffen nëmmen op enger befestegter Plaaz, wou et eng stabil Ustréckméiglechkeet gëtt
4. Ech behaalen mir fir, eng Bearbechtung oofzebriechen, wann ech gesinn, datt et ze geféierlech ass, oder d’Päerd sech keint wéi doen
5. Gäeren erklären ech iech, waat ech wéi an firwat maachen, dir braucht nëmmem nozefroen
6. Ech probéieren all Problem ze léisen, mee ech soen iech och, wann ech denken datt ech et nët an de Grëff kréien, sou datt dem Päerd sou séier wéi méiglech gehollef ka ginn.

Ausbildung
Ech hun an der Rheinische Hufbeschlagschule d’Ausbildung zur Hufpflegerin RHS gmeet. Daat bedeit dat ech an der Theorie alles gesinn hun, waat momentan an Däitschland un Bearbeitungsrichtungen do ass. Ech hun ausserdem die offiziel Theorie vun der Ausbildung vun den Houfschmëtt matgemeet, an och een deieremedzinischen Deel gehaat, deen vum Amtstierarzt gepréift gouf. An der Praxis hunn ech souwuel un doudegen Houfen wie och un liewegen Päerd geschafft. Dëst huet mir ee groussen Abléck an all méiglech Houfsituatiounen ginn, an gleiert fir all Problem een individuellen Léisungswee ze fannen, ouni mech op een „Dogma“ ze verstéifen.