Praïsser

Eng Buerhoufbearbechtung kascht normalerweis 40€

Ech bidde Buerhouffleeg u fir Päerd, Ponyen an Ieselen. Aus kierperlechen Grënn kann ech leider keng Kaalblidder maachen.

Ech behaalen mir fir am Eenzelfall een Surplus ze froen, wann ech vill zousätzlech Aarbecht um Päerd hun (z.B.: sou dreckeg, dass een vun lauter Bulli naischt mei erkennt, oder ganz schwiereg Houfen)

Ech bidden ausserdem och Houfschung-Berodung un. Dës kascht pro Päerd 30€.
Heibäi vermossen ech d'Houfen, a kucken mir d'Laafverhaalen vum Päerd un, erklären waat mir opfällt (an waat evtl. Problemer mat Houfschung keinte ginn).
Zum Schluss erhaalt dir vun mir ee klengt Blaad mat den Moossen vun den Houfen, an meng Suggestion vun Schung dei dir kënnt probeieren.
Heibäi ass et awer wichteg, datt dir wësst, datt ech selwer kee stock hun, an och keng Schung matbrengen (Ech hun awer um Blaad ee puer Internetsäiten dropstoen, mat deenen gudd Erfahrungen bestinn)

Als kleng Informatioun nach op dëser Plaatz: bei langen Strecken, behaalen ech mir fir meng Ufaart ze berechnen (weider informatiounen gëtt et dozou bei mir)